Naturinstinkt
Hypnose • Doula • Hypnobirthing • Coaching • Rebozo Ritualer • TFM • Droberoderin Hypnobirthing, Droberodung, Doula, TFM, Rebozo
25/09/2026
HUMANISTESCH HYPNOS
Se ass eppes ganz Besonneges. E Schatz vu Méiglechkeeten fir an der Léift, der Douceheet, dem Respekt geigeniwer vum Mensch a senger Geschicht eng deifgehend Ännerung erbaizeruffen.
Sou oft kréien ech Message vum Staune geschéckt, nodeems meng Clienten dierfen d’Friichte vun hierer Arbecht ernten.
Nodems si mierken wei einfach et schlussendlech war aus engem aale Schema erauszeklammen, eng Wonn ze heelen, sech selwer rem mat Léift ze begéinen oder sech endlech getraut hunn dee Schratt ze maan un deem si sou laang gehadert hunn. Hier Süchten ze erkennen a se lasszelossen. Sech mat hierer eegener Kraft zeréckzeverbannen.
D’Pfleeg vum Banneliewen dierf sech dann och no bausse weisen. An iegendswei ass et dann net nëmmen eng Heelung fir d’Persoun, mä och fir hier Famill, hier Matmenschen, jo souguer e Stéck Heelung fir d’Welt.
Well e Mensch deen erem a sain Equiliber kënnt handelt aus der Léift (a net mei aus senge Verletzungen eraus).
Merci un iech all, mat deenen ech esou vill Geschichten erliewt hunn. Dir Vertraut mir är donkelst Geheimnisser an är vulnerabelst Momenter. An dat ass fir mech net selbstverständlech.
Sou oft sinn ech geflasht no äre Seancen. Ech etliewen se mat iech. Als Begleeder an Témoin vun ärer Verwandlung.
09/09/2026
Jo sou gesait Gebuert am Spidol aus wann d‘Elteren an engem natierleche Gebuertsprojet deifgehend gehalen an ennerstetzt ginn.
De nächste Gruppecour ass geplangt. Falls du tëscht denger 10. an 22. SSW elo bass ass dëse genau am richtegen Zaitraum fir dech!
Meld dech iwert PN oder iwert www.naturinstinkt.lu
03/09/2026
📆 Den 17. Oktober 2026 organiséiere mir eng Gedenkfeier fir d’Stärekanner ⭐. Sidd häerzlech wëllkomm, mat ons zesummen un all déi Kanner ze gedenken, déi wärend der Schwangerschaft, ënnert oder no der Gebuert verstuerwe sinn. ✨
Iwwer dëse Link kënnt dir Iech aschreiwen: https://forms.cloud.microsoft/e/bi4byR7QsV?origin=lprLink
02/09/2026
🦋 🌞 Wat e Summer 🌞 🦋
D‘Hetzt huet souguer mech als Summerkand echt u meng Grenze bruecht.
Ech war vieeeel am Waasser fir et ze packen, an hunn mech endlech iwerwonne kritt meng Angscht viru kaalem Waasser kennen opzeginn… si mat Genoss mei wei eemol an den aiskale Floss gesprong a geschwomm.
E puer schéi Wanderungen hu mir Horizont a Waitsiicht geschenkt. Mech deels u Grenze bruecht an driwer erausgewuess.
An e Sonnde geet et erem lass mat menge Couren an Hypnosen.
Ech freë mech schon ërem rieseg op iech.
Op dei Weer dei ech dierf e Stéck mat iech treppelen. Op d‘Challenges dei mir uginn. Op Hürden dei endlech dierfen iwerwonne ginn.
Op Aha- an Glécksmomenter. An ëmmer op dat Fonkelen an ären Aaen an Grinsen am Gesiicht no den Hypnosen.
Dorop dat ech iech dierf är ganz Stärkt weisen an dat Wonner dat mir sinn.
Ech genéissen elo nach meng läscht Woch Congé awer et fällt mir ganz einfach erem mat iech ze starten.
❤️
28/08/2026
• URKRAFT •
E ganzheetleche Konzept mat Hypnos, Nervensystem-Aarbecht a Kierperbewosstsinn
Well du kanns net wierklech lassloossen, wann däi Kierper sech net sécher fillt.
Gebuert ass awer e Lasslossen, dat mächtegst Lasslossen iwerhapt.
Eng Gebuert ass vill méi wéi e kierperleche Prozess. Si ass en Zesummespill vu Kierper & Nervensystem, Hormonen, Gedanken, Emotiounen Programmatiounen an Erfahrungen hun e groussen Afloss an de Prozess wou dai Kierper sou grouss muss opgoen wei na nie virdrun.
Fir datt eng Fra sech wärend der Gebuert esou gutt wéi méiglech op dee Prozess alosse kann, brauch hire Kierper virun allem ee Gefill: SECHERHEET!
Wann de Kierper sech geschützt, gedroen a sécher fillt, kann de natierleche Prozess vun der Gebuert sai Laaf huelen.
Ass d’Nervensystem dogéint an engem Zoustand vu Stress oder Alarmbereetschaft, kann dat Afloss op d’Gebuert hunn.
Gläichzäiteg ass all Gebuert eenzegaarteg a gëtt vu ville Facteure matbestëmmt.
Dofir fänkt dëse Wee net eréischt un, wann d‘Gebuertswelle (Wéihe) lassginn.
E fänkt vill méi fréi un – mat der Verbindung zu dir selwer, mam Vertrauen an däi Kierper an der Fähegkeet, Sécherheet vu bannen eraus opzebauen.
URKRAFT verbënnt Erkenntnisser iwwer d’Nervensystem mat Hypnos, Kierperaarbecht, Opmierksamkeet an d‘Zereckverbannen un deng Instinkter.
D’Zil ass net déi „perfekt“ Gebuert, mee eng Fra, déi sech mat sech selwer verbonnen fillt, sech secher an hierem Kierper spiert an Outilen huet fir bewosst op d‘Nervesystem an esou och op d‘Hormoner kennen anzewierken.
An genau dat kann den Gebuertsprozess immens erliichteren.
Mir gesinn eis 8 Kéieren iwert Visio fir dech erem mat denger Urkraft ze verbannen an un Themen ze schaffen dei se de Moment blockéieren.
Dëst Konzept geet wait iwert Firbereedung op d‘Gebuert eraus. Et ass e Gewënn fir dai Liewen als Fra, an denger Stärkt. Dës Arbecht ass aus purer Léift zu de Fraen entstaan, aus mengem Härz entsprong mat der 13 Jähreger Erfahrung dei ech an Hypnos, Gebuertsarbecht, Nervesystemarbecht an Fraebegleedung gesammelt hunn.
An deenen 8 Seancen mache mir Hypnosen dei un deifgehende Muster a Programmatiounen aus de Generatioune virun dir, aus denger Erzeiung, dengem Vertrauen an dai Kierper a.s.w schaffen. Du kriss Outil‘en a vill Wësse mat un deng Sait an du mess eng Angschtopléisung.
Meld dech iwert PN fir d‘Umeldung oder weider Froen
Si ersetzt awer net d‘Begleedung vun enger Hiewann oder engem Gynecologue
De Mellechspendereflex, ausgeléist duerch eise natierlechen Oxytocin.
D‘Mëllech schéisst regelrecht aus der Broscht eraus.
Sou wei och bei der Gebuert huet den Oxytocin beim Stëllen eng zentral Aufgab.
Stress dréckt den Oxytocin no ënnen.
Suerg dofir dat et dir gudd geet. Dass du emsuergt gëss, dass du Zaiten ouni Besuch hues.
A lauschter op dai Kierper wann e grad schwätzt.
Eng Mamm dei Stëllproblemer huet kann sech un professionneller op deem Gebid wenden fir Hellef ze kreien, awer soulang de Stéierfaktor Stress oder Angscht net beseitegt ass, kann et sinn dat de Problem sech net léist. An dat erliewe vill Mammen hautdesdags a mengen dann hiere Kierper hätt versoot.
Manner Stress an Uspanung ass öfters d‘Léisung (awer natierlech kennen och nach aaner Facteure bedeelegt sinn)
15/08/2026
Ne pas assister à la naissance de son bébé…❤️🩹
Ça ne devrait jamais arriver. C'est contre nature.
C'est un don de soi immense, un abandon, un lâcher-prise sans fin.
L'amour d'une mère envers son bébé est si grand, plus grand que nature. Les bébés devraient tous pouvoir naître et retrouver directement les bras de leur maman.
Ce n'est pas toujours comme ça….
La réalité, c'est que certaines mamans font le sacrifice de s'endormir pour sauver la vie de leur bébé.
💔
Et vous savez quoi ? Aucune mère ne se pose la question à ce moment-là. Elles se disent toutes la même chose…. Allez, faites ce qu'il faut et sortez-le.
Parfois, endormie, le petit bébé vient coller sa joue avec sa maman avant d'aller retrouver son autre parent… un petit geste significatif… mais qui ne remplacera jamais d'entendre son bébé naître et pleurer pour la première fois.
Le réveil, en salle de réveil, seul sans son partenaire…
sans son bébé. Quand on s'est endormie, ça allait mal, très mal. Où suis-je ? Mon bébé est correct ?
La tête dans le brouillard… c'est brutal… Le temps passe lentement, très lentement en salle de réveil.
Chaque seconde est comme un supplice.
Plusieurs heures après sa naissance, on fait enfin la rencontre de bébé…
Parfois, plusieurs questions nous viennent en tête.
Soulagée, heureuse, triste, fâchée… tout ça en même temps.
Notre bébé nous semble inconnu…
Cette séparation, cette césarienne laissera une trace à tout jamais. Il faut faire le deuil des premières secondes : le premier cri, le premier regard, le peau à peau, voir son bébé pour la première fois dès sa naissance.
La césarienne sous anesthésie générale est un acte de courage et de force incroyable.
Elle a sauvé son bébé. Mais personne ne lui avait dit qu’elle aurait aussi besoin qu’on prenne soin d’elle après.
J'envoie de la douceur à celles qui ont dû subir une césarienne sous anesthésie générale.
Caro 💜
11/08/2026
Hypnos ass eng douce a natierlech Method fir Verännerungen am Ënnerbewosstsinn an d'Weer ze leeden.
Si kann dir hëllefe bei:
✨ Stress & Ängscht
✨ Selbstvertrauen stärken
✨ Schlofproblemer
✨ Ofhuelen & emotionalt Iessen
✨ Süchten
✨ Blockaden & al Muster léisen
✨ Motivatioun & Zieler erreechen
✨ Konzentratioun & Leeschtung verbesseren
Hypnos hëlleft dir, deng eege Ressourcen ze aktivéieren an nei Weeër ze entdecken dei's du bis dohin nach net fir méiglech gehalen hues.
💛 Wichteg ze wëssen: An der humanistescher Hypnos bleifs du déi ganz Zäit bewosst a präsent. Du bass net „fort“ oder dissociéiert – am Géigendeel:
Du bass a Kontakt mat dir selwer, hues d’Kontroll a kriss alles mat. Et ass eng Zesummenaarbecht op Aenhéicht, wou deng eege Ressourcen aktivéiert ginn.
✨ Iwwer mech: Ech schaffen säit 13 Joer mat Hypnos a begleeden Mënschen individuell a mat vill Empathie an Härz op hirem Wee.
Meng Erfahrung bestätegt et emmer erem: D‘ Verännerung kënnt vun dobannen.
Hypnos bedeit net Kontrollverloscht, mee Selbstermächtegung an en Zeréck bei dech selwer.
Du haas schon Hypnos mat mir a bass begeeschtert? Dann Deel dëse Baitrag gäre mat Frënn a Bekannten.
Cliquez ici pour obtenir votre annonce sponsorisée.
Contacter l'entreprise
Téléphone
Site Web
Adresse
Notifications
Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Naturinstinkt publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.